FacebookOppassen op falsch Luxair-Säiten

Wéi et op der Facebook-Säit vu Luxair heescht huet op der sozialer Plattform eng falsch Luxair-Säit d'Ronn gemaach.

Leschten Update: 22.08.2018, 10:58:09

© Luxair

Dës hätt awer näischt mat der Fluchlinn ze dinn. Dofir sollt een och u kengem Gewënnspill deelhuelen, dat op anere Säite géif gemaach ginn. Et sollt een déi och op kee Fall deelen.

An der Tëschenzäit ass dës Säit awer erëm vu Facebook verschwonnen. Déi offiziell Säit vu Luxair heescht Luxair Luxembourg Airlines während déi falsch Luxair Lux Airlines geheescht huet.