Brandstëftung net ausgeschlossBotte stounge bei Bartreng a Brand

Wéi et vun der Police heescht stoungen an der Nuecht vun den Dënschdeg op e Mëttwoch Botten a Brand, Brandstëftung gëtt net ausgeschloss.

Leschten Update: 22.08.2018, 10:58:05

© Pexels

An der Nuecht vun den Dënschdeg op e Mëttwoch stoungen op engem Feld zu Bartreng Botten a Brand. Well d'Police Brandstëftung net ausschléisst, gouf de Parquet informéiert, deen eng Enquête an d'Weeër geleet huet.

D'Pompjeeë vu Stroossen, Dippech a Bartreng waren op der Plaz fir de Brand ënner Kontroll ze kréien.

Persounen, déi Informatiounen zu verdächtege Persounen oder Autoen hunn, sollen sech beim 113 mellen.

Schonn de leschte Summer gouf et jo eng ganz Rëtsch Fäll an deene Botten am Süde vum Land a Brand gestach gi waren.