EtüdLëtzebuerg bei Alkoholkonsum mat vir bäi

Eng grouss ugeluechten Etüd kënnt zum Resultat, dass all Joer 2,8 Milliounen Doudeger op de Konto vum Alkoholkonsum ginn.

Leschten Update: 24.08.2018, 16:53:44

© Pexels

Schonn ee Glas Béier oder Wäin den Dag kann e Risiko fir d'Gesondheet duerstellen – dëst ass op d'mannst d'Resultat vun enger grouss ugeluechter Etüd, déi dovun ausgeet, dass et bal 3 Milliounen Doudeger duerch Alkohol d'Joer weltwäit ginn.

All drëtten Alkoholkonsument stierft un de Suitte vu sengem Konsum

Am Resumé stierft dëser Etüd no all drëtte Konsument vun Alkohol un de Geforen, déi mam Alkohol verbonne sinn.

Weltwäit ginn et de Schätzungen no 2,4 Milliarde Leit, déi Alkohol drénken, d'Majoritéit dovu si Männer, dat mat 63%. An dofir ass et och kee Wonner, dass och bei der Mortalitéit, déi mam Alkohol verbonnen ass, d'Männer däitlech vir leien.

D'Etüd, déi haut an der medezinescher Revue „The Lancet“ verëffentlecht ginn ass huet den Niveau vun der Consommatioun vun Alkohol an d'Auswierkungen op d'Gesondheet an 195 Länner tëscht de Joren 1990 an 2016 ënnersicht. An 2,8 Milliounen Doudeger ginn op de Konto vum Alkoholkonsum, esou d'Resultat vun der Etüd.

Nieft ënnert anerem Stroossenaccidenter, Selbstmord oder Tuberkulos war 2016 also den Alkohol op där 7. Plaz wat d'Grënn fir fréizäitegen Dout oder Invaliditéit ugeet.

Doudesursaach Nr. 1 bei Leit tëscht 15 an 49 Joer

Bei de Leit tëscht 15 an 49 Joer war et der Etüd no souguer d'Haaptursaach. An dëser Alterstranche gëtt den Alkohol mat engem vun 10 Doudesfäll a Relatioun bruecht.

Wien dat elo e bëssen iwwerdriwwe fënnt, dee kann sech emol d'Problemer ukucken, déi duerch den Alkohol entstinn an da gëtt dësen Taux och e bësse méi kloer. Nieft de gesondheetleche Problemer, wéi en erhéichte Kriibsrisiko, kardiovaskuläre Krankheeten oder enger Zirrhos, ass den Alkohol och dacks responsabel fir Accidenter oder nach Gewalt.

An d'Wëssenschaftler, déi d'Etüd duerchgefouert hunn, hunn och präziséiert, dass dëst de Mythos, dass e Glas Alkohol den Dag gutt fir d'Gesondheet wier, géif widderleeën. Nëmmen d'Abstinenz kéint de weltwäiten Taux un Doudege bremsen.

Lëtzebuerg bei Alkoholkonsum mat vir bäi

Am meeschten Alkohol den Dag gëtt bei de Männer a Rumänien, duerno Portugal an dann och scho Lëtzebuerg gedronk. Och bei de Frae läit Lëtzebuerg do op där drëtter Plaz, op mannst wat d'Statistike soen, op déi sech d'Auteure vun der Etüd baséiert hunn.

Ma schonn d'lescht Joer haten zu Lëtzebuerg den Transportminister François Bausch an d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch virum Konsum gewarnt. Deemno géifen 90% vun de Lëtzebuerger Alkohol drénken, 30'000 Bierger hätten doduerch Problemer. Weltwäit wier den Alkoholkonsum an der EU am gréissten a Lëtzebuerg wier do vir mat bäi.

Mä och d'Auteure vun der Etüd hunn trotz de Gefore gemengt, dass guer keen Alkohol fir vill Leit wuel net dat richteg wier. Nëmmen d'Quantitéit an d'Frequenz sollt een iwwerdenken.