Schwéngspescht an der BelschKontaminéiert Zon gouf erweidert

An der Belsch schéngt sech déi afrikanesch Schwéngspescht weider auszebreeden an dofir gëtt et eng ganz Rëtsch weider Mesuren.

Leschten Update: 26.09.2018, 07:44:54

© Tobias Schwarz / AFP

Zu Lëtzebuerg gëtt et bis ewell nach kee Fall vun der afrikanescher Schwéngspescht, dat sot de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen nach d'lescht Woch. Ma an der belsch schéngt sech de Virus weider auszebreeden.

Positiv Zon ëm 4 Dierfer erweidert

Et gouf jo eng Iwwerwaachungszon ageriicht vun 63'000 Hektar hei vir a Wallounien. 44 Schwäi goufen dann och dout opfonnt. 30 dovu ware bannent dëser Zon an dovu waren der 14 scho mam Virus infizéiert.

Elo ass et esou, dass wuel och baussent dëser Zon nach infizéiert Wëllschwäi fonnt goufen an dofir gouf de Raum an deem positiv Tester gemaach goufen elo ëm 4 Dierfer erweidert.

4'000 Hausschwäi sollen elo jo an dëser Zon doutgemaach gi fir d'Ausbreedung ze verhënneren. Mä déi belsch Regierung huet jo nach eng Rëtsch vu Mesuren ugekënnegt.

Nach 120 Deeg nom Dout ustiechend

Virop ass ze soen, dass d'Krankheet sech nëmme vu Schwäin zu Schwäin iwwerdréit. Se kann sech iwwer d'Blutt, Exkrementer, Spaut, dem einfache Kontakt oder kontaminéiert Iessen iwwerdroen. Duerno stierft d'Schwäi bannent 5 bis 7 Deeg.

Anescht wéi elo hei am Land gëtt d'Juegd op d'Wëllschwäi verbueden, fir dass dës eben net aus der Iwwerwaachungszon erauslafen. Dann ass och d'Zirkulatioun an de concernéierte Bëscher verbueden, fir dass de Virus net duerch de Mënsch verbreet gëtt. An da gëtt de ganzen Territoire no doudegen Déieren ofgesicht. Déi kënnen nämlech och nom Dout bis zu 120 Deeg ustiechend bleiwen.


Virus ass wuel aus Osteuropa an d'Belsch komm

Ma et wollt een an der belscher Regierung awer och erausfannen, wou d'Krankheet iwwerhaapt hierkënnt an dofir gouf d'DNA vun den doudegen Déieren elo analyséiert. Ma ganz kloer wouhier de Virus ageschleeft ginn ass, wier een net, esou de belsche Landwirtschaftsminister.

2007 gouf de Virus an Europa fir eng éischte Kéier a Georgien festgestallt. Duerno gouf en a Polen, de baltesche Staaten an Tschechien confirméiert.

Wéi de Virus eng 1'000 Kilometer Loftlinn bis an d'Belsch komm ass, do ginn et verschidden Theesen. Wahrscheinlech ass deene meeschten Experten no awer de Mënsch Schold. Ma weider DNA-Analyse sollen elo de Wee méi genee kënnen zréckverfollegen. Domat sollen dann d'Weeër, déi de Virus bis an d'Belsch geholl huet kontrolléiert a gespaart ginn.

Während elo also d'Klappjuegd vum 1. Oktober un an der Iwwerwaachungszon verbueden ass, wäert een an den éischten 2 Méint vum Joer 2019 probéieren, fir d'Populatioun vun de Wëllschwäi massiv erofzekréien.