Use Less Stuff-DayWéi reduzéiert een den alldeegleche Konsum?

Mir provozéieren ëm di 41 Milliounen Tonnen Elektroschrott d'Joer, just 9% vum weltwäite Plastik gi recycléiert, 5 nei Kleedungsstécker pro Mount...

Leschten Update: 15.11.2018, 10:39:23

© Pixabay

Dat sinn just dräi vu ville Fakten, déi eis all ureege sollen, eise Konsum ze reduzéieren a méi nohalteg ze liewen. De sougenannten Overshoot-Day markéiert all Joer deen Dag, op deem mir eigentlech all eis natierlech Ressourcen opgebraucht hunn. Dëse war dëst Joer schonn den 1. August. De Problem vun der onnéideger Verschwendung geet souguer esou wäit, datt e speziellen Dag an d'Liewe geruff gouf, fir op dëse Sujet opmierksam ze maachen: Den Use Less Stuff-Day. Dësen ass all Joer den 3. Donneschden am November a soll eis bësse waakreg rëselen, well: Mir verbrauchen ze vill. Sief et Iessen, Kleedung oder elektronesch Maschinnen.

Wéi bei Villem soll een och hei Step-By-Step ufänken, säi Konsum ze deckelen – an dat ass guer net esou schwéier. A Punkto Plastik kann een do ganz einfach ufänken. Ugefaange bei de Plastikstuten – jidderee vun eis huet mëttlerweil op d'mannst 1 Öko-Tut doheem. Amplaz sech Fläschen aus Plastik kafen ze goen, kann een hei op eng Drénk-Fläsch zeréckgräifen, déi ee mat Krunnewaasser opfëlle kann. Fir Besteck, Schallimoen an Ouerestäbercher aus Plastik ginn et och eng Partie Alternativen. Hei huet d'EU jo Enn Oktober och e fir e Verbuet vun esou Produiten aus Plastik bis 2021 gestëmmt.




E grousse Problem ass dann och d'Verschwendung vun Iesswueren. Weltwäit gi 40% vum Iessen, dat mir kafen, ewechgeheit. Deemno soll ee manner kafen, fir esou eppes z'evitéieren. Méi dacks akafe goen, mee dofir ëmmer just dat, wat een och wierklech brauch. 5 nei Kleedungsstécker pro Mount ass dann och net wéineg, ma dat ass natierlech en Duerchschnëttswäert. Wann een awer eemol de Mount akafe geet, kann ee séier op dës Zuel kommen – hei zielt Ënnerwäsch a Strëmp dobäi. Och wa Solde sinn – et ass kee gudden Deal, wann een et net wierklech brauch. D'Moud-Industrie lieft natierlech vum Wiessel an neie Kollektiounen, ma awer soll ee säi Konsum hei iwwerdenken a beim nächsten Akaf zwee-dräi Mol iwwerleeën, ob een dat wierklech brauch.