Tsunami an IndonesienFirwat gëtt d'Land esou dacks getraff?

Ëmmer erëm gëtt Indonesien vun Tsunamie getraff, esou och erëm de leschte Samschdeg nom Ausbroch vun engem Vulkan an engem Äerdrutsch ënner Waasser.

Leschten Update: 27.12.2018, 08:15:20

© FERDI AWED / AFP

Ma firwat gëtt grad dës Regioun ëmmer erëm vun esou schwéieren Tsunami-Katastrophen erwëscht? 

Pazifesche Feierrank ass enorm aktiv

Indonesien läit an där Regioun vun der Welt, déi geologesch am aktiivsten ass.

An zwar läit den Archipel, deen aus ronn 17'500 Insele besteet um westlechen Enn vum enorm Aktive pazifesche Feierrank. Deen zitt sech eng 40'000 Kilometer e bësse wéi en „U“ ëm de Pazifik. An do stoussen eben tektonesch Placken openeen, déi enorm Kraaft kënne fräisetzen. An dofir kënnt et eben an Indonesien besonnesch dacks zu Äerdbiewen, Vulkanausbréch an Äerdrutschen. An déi léisen dann Tsunamien aus.

Wéi e Glas Waasser op engem Dësch

Elo ginn et jo awer Warnsystemer, déi Äerdbiewen detektéieren an da virun Tsunamie warnen.

Wann tektonesch Placke laanschtenee reiwen, sech léisen an duerch d'Spannung, déi sech op eemol entluet dann den Tsunami ausléisen, da gëtt dës Vibratioun effektiv detektéiert. Dat kann een sech e bësse wéi bei engem Glas Waasser virstellen, dat een op en Dësch stellt an ënnert deem een den Dësch dann abrupt ewech zitt.

Autoritéiten haten Entwarnung ginn

De Samschdeg war et awer e Vulkan, deen ausgebrach ass.

D'Autoritéiten hunn dofir Ufanks Entwarnung ginn, well eben d'Äerd net oder nëmme minimal gewackelt huet. U sech ass de Vulkan Anak Krakatau zanter Joren aktiv an deelweis vibréiert deen e puer dausend mol den Dag. Iwwersat heescht de Vulkan „Kand vum Krakatau“, dat well säi Virgänger mam Numm Krakatau 1883 bei enger riseger Explosioun komplett zerstéiert gouf. An am Laf vun de Joren huet sech dunn tëscht Sumatra a Java am Mir den Aktuelle Vulkan gebilt, deen an der Tëschenzäit 400 Meter héich ass.

Net vill Zäit bei Äerdrutschen no Vulkanausbréch

Ronn 130 aktiv Vulkaner gëtt et an Indonesien, dat sinn der esou vill wéi a soss kengem Land. Ma se sinn eben net nëmme geféierlech wéinst den Tsunamien, déi se ausléise kënnen, mä och wéinst de Lavastréim an den Äschewolleken.

Während d'Warnsystemer bei Äerdbiewen also uschloen, ass dat bei Äerdrutschen a Vulkanausbréch weider schwéier. Dat och well d'Tsunamien dacks schonn nëmmen e puer Minutten nom Äerdrutsch optrieden.