Etüden net wëssenschaftlech?Dokteren zweiwelen un Emissiouns-Grenzwäerter

De Mëttwoch huet e Grupp vun iwwer honnert Dokteren d'Resultater op deenen d'Grenzwäerter baséieren a Fro gestallt.

Leschten Update: 24.01.2019, 07:35:08

© John MACDOUGALL / AFP

Renge Stëbs a Stéckoxide si geféierlech. Dat héiere mir zanter Joren, an Däitschen awer och an aneren europäesche Stied ginn et dofir schonn déi éischte Fuerverbueter fir méi al Dieselautoen. Ma däitsch Longendoktere sinn sech an der Tëschenzäit guer net méi esou eens, wann et ëm d'Auswierkunge vun dëse Stoffer geet.

Etüde mussen nei bewäert ginn

Et gi jo eng ganz Rëtsch Studien, déi d'Emissioune fir dausenden zousätzlech Erkrankungen an Doudesfäll responsabel maachen. Ma elo hunn eng ganz Rëtsch d'Dokteren d'Wëssenschaftlechkeet vun dësen Auswäertungen a Fro gestallt. An dat huet natierlech och Auswierkungen op d'Diskussioun ronderëm d'Fuerverbueter. Am Communiqué vun den Dokteren heescht et deemno, dass et de Moment keng wëssenschaftlech Begrënnung fir déi aktuell Grenzwäerter géif ginn. D'Etüde missten dofir nei bewäert ginn.

Fëmmen, Alkohol a Liewensstil hu méi staark Auswierkungen

Dobäi wieren d'Daten immens eesäiteg interpretéiert ginn, op d'mannst wann et dem Grupp Dokteren no geet. Aner Facteure wéi de Liewensstil, d'Fëmmen, den Alkohol oder d'Beweegung hätte vill méi staark Auswierkungen op d'Gesondheet an d'Liewenserwaardung. Dobäi hunn d'Longendokteren z.B. argumentéiert, dass d'Konzentratioun vu rengem Stëbs an Zigarettendamp bis zu enger Millioun mol méi grouss wéi den aktuelle Grenzwäert wier.

D'Kritik bezitt sech dobäi op Studie bei deene Wëssenschaftler en erhéichte Krankheetsrisiko oder Stierflechkeet a Gebidder festgestallt hunn, an deenen d'Konzentratioun vu rengem Stëbs besonnesch héich waren.

Fachwelt, EU a Bundesregierung widderspriechen

An d'Grenzwäerter géifen op enger wëssenschaftlecher Basis opbauen, esou huet et als Reaktioun vum Bundesëmweltministère geheescht. Et wier onbestridden, dass renge Stëbs a Stéckoxiden de Kierper belaaschte géifen an d'Liewenszäit verkierze kënnen. Dëst ass iwwerdeems och d'Positioun vun der däitscher Gesellschaft fir Pneumologie a Beotmungsmedezin. Och vun der EU-Ëmweltkommissioun huet et geheescht, dass een net un de Resultater géif zweiwelen.

An och aus der Fachwelt gouf et Kritik dorun, dass Resultater vun den Dokteren einfach esou als falsch duergestallt ginn. Experten erwaarden sech grad wéinst de ville Fuerverbueter an Zukunft awer nach vill ähnlech Debatten.