En ongewéinlecht ExperimentFirwat hunn Zebrae Sträifen?

Schutz virun Ugräifer, als Method géint d'Hëtzt oder als Schutz virun Insekten – Theorien zu dëser Fro ginn et der vill.

Leschten Update: 23.02.2019, 10:25:14

© Pixabay

Ob Zebraen elo wäiss oder schwaarz Sträifen hunn, dat schéngt an der Tëschenzäit gekläert, ma zanter Joerhonnerten zerbriechen sech Déierefuerscher de Kapp nach iwwer eng ganz aner Saach. An zwar firwat Zebraen iwwerhaapt Sträifen hunn. Ma elo wëllt e Biolog den definitive Beweis erbruecht hunn, firwat d'Sträifen duerchaus Sënn maachen – an dat mat engem ongewéinlechen Experiment an deem och passend zu Fuesent Verkleedungen dozou gehéieren.

Tarnung duerch gesträifte Fell?

Laang ass een dovun ausgaangen, dass d'Muster am héije Gras vun der Savanne an där d'Zebrae liewen a beim flimmere vun der waarmer Loft als Tarnung déngen. Eng aner Theorie ass ähnlech, esou géifen d'Sträifen eng Grupp vun Zebrae beieneen optesch verschwamme loossen an Ugräifer domat irritéieren. Ma 2016 konnt ënner anerem dee Fuerscher, op dee mir nach gläich ze schwätze komme beweisen, dass d'Ae vu Léiwen, Hyänen a Co. d'Sträife vun den Zebrae guer net kënnen erkennen, ouni net ganz no drun ze sinn. Fir si gesinn d'Déiere vu wäitem einfach gro aus.

An och d'Theorie, dass d'Sträifen dofir do sinn, fir d'Déier am waarmen Afrika ofzekillen, konnt an der Tëschenzäit mat Experimenter widderluecht ginn.





Insekten hu Problemer mat gesträiften Uewerflächen

An esou bleift nëmmen nach eng Thees iwwereg: An zwar, dass d'Sträifemuster dofir do ass, fir d'Zebrae géint Insekten, déi op den Déieren hiert Blutt aus sinn, ze schützen. D'Déiere liewen nämlech, genee wéi och e wëllen Iesel mat gesträifte Been an afrikanesche Regiounen an deenen et vill Mécken, déi Blutt saugen, ginn. An d'Fuerscher ronderëm den Tim Caro vun der Universitéit vu Kalifornien haten hei schonn nogewisen, dass d'Mécke Problemer dobäi hunn op gesträiften Uewerflächen ze landen.

Ma mat enger Kamera an enger Zebraverkleedung konnten se elo noweisen, dass dat och bei de liewegen Déieren hirem Fell de Fall ass.

Zebraverkleedung géint Méckestéch

An dofir hunn d'Biologe Kostümer kaf an se Päerd op engem britesche Bauerenhaff ugedoen. D'Päerd liewen do mat Zebraen zesummen an effektiv sinn d'Päerd d'selwecht wéi Zebraen vill manner vun de Mécke genervt ginn, wéi déi Päerd ouni Verkleedung. An d'Kameraopnamen hunn dann och confirméiert, wat d'Fuerscher virdru scho gewisen haten. D'Insekte waren net ofgeschreckt vum Sträifemuster, ma si haten einfach Problemer dorop ze landen. Hunn d'Fuerscher de Päerd de Kostüm erëm ausgedoen, souzen d'Mécken direkt erëm op den Déieren.

An d'Biologe ginn dovun aus, dass dëst fir déi besonnesch fir déidlech Krankheeten ufälleg Zebraen en evolutionäre Virdeel ass. Dës ginn dacks duerch Insektestéch iwwerdroen. Weider ass och d'Fell vun Zebrae relativ kuerz, wat se fir Insekten natierlech interessant mécht.