2. Mee 1519Leonardo da Vinci viru 500 Joer gestuerwen

Viru 500 Joer ass den Universal-Geléierte Leonardo da Vinci gestuerwen. Haut ass hien e bëssen eppes wéi e Star, ma schonn deemools war e keen Onbekannten.

Leschten Update: 02.05.2019, 09:28:37

© Marco BERTORELLO / AFP

Leonardo da Vinci als Universalgenie

Ob als Kënschtler, Astronom, Medeziner, Fuerscher, Architekt, Erfinder oder Ingenieur, de Mann huet u sech keng Grenze kannt. Bekannt ass en haut net nëmme wéinst dem wuel berühmtste Portrait vun der Welt, der Mona Lisa, mä och wéinst enger grousser Zuel un Erfindungen, déi op den éischte Bléck ganz realistesch, fir deemoleg Verhältnisser awer komplett iwwerzu sinn. U-Booter, Fligeren, Fallschiermer, Helikopteren oder futuristesche Krichsmaschinnen - wierklech funktionéiert hätt de Gros vu senge Maschinnen net.

© ALAIN JOCARD / AFP


Net ganz zouverlässeg

Dobäi hat de Mann awer och seng Schwächten. Grad wat d'Anhale vu senge Verspriechen ugeet, do hat hien esou seng Problemer. Dacks huet hien sech z.B. Krichshären ugebueden an hinnen déi flottste Krichmaschinne versprach aus deenen dann awer näischt ginn ass. Dat selwecht gëllt fir vill vu senge kënschtleresche Wierker, déi ni oder net ganz fäerdeg gi sinn. Den Da Vinci war also e relativ schlechten Entrepreneur, dee glécklecherweis ëmmer räich a potent Ënnerstëtzer hat.

© Pixabay


Ma esou vill mir haut iwwer de Leonardo da Vinci wëssen, esou vill ongeséchert oder falscht Wësse gëtt et.

Et ginn enorm vill Quellen iwwer den da Vinci an iwwer kee Kënschtler aus der Renaissance ass esou vill bekannt wéi iwwer hien. Ma dat féiert awer och dozou, dass vill falsch oder ze séier interpretéiert gëtt. De Problem dobäi ass och, dass hie mat zwou Hänn geschriwwen huet an domat sinn d'Fuerscher mat direkt zwou Handschrëfte confrontéiert. Dat mécht natierlech d'Iwwerpréiwung vun der Authentizitéit vun de Quelle méi schwéier.

Papp vun der moderner Wëssenschaft?

Elo ass et jo esou, dass vill Historiker der Meenung sinn, dass de Leonardo da Vinci de Grondstee fir déi modern Wëssenschafte geluecht huet.

Dat fänkt wuel mat senger Ausbildung un. Hie gouf als illegitimme Bouf gebuer firwat säi Papp fir hie keng klassesch Ausbildung virgesinn huet. An dofir hat den da Vinci och net vill fir d'Geléiert vu senger Zäit iwwreg a wollt d'Welt, d'Virgäng an alles ronderëm sech selwer verstoen. Am 16. Joerhonnert war et nämlech gréisstendeels nach esou, dass een deem vertraut huet, wat déi grouss Wëssenschaftler virun engem geschriwwen hunn, ouni et grouss ze iwwerpréiwen. Ma grad dat huet den da Vinci gemaach andeems e sot: „ech wëll et selwer gesinn, iwwerpréiwen a selwer wouerhuelen“. Do kann een z.B. de Fait huelen, dass e fir seng anatomesch Zeechnungen awer och als Preparatioun fir seng Biller a Portraite Läichen ënnert deene schwieregsten Ëmstänn sezéiert huet.

© Pixabay


Wëssenschaft kann alles verstoen

Wéi gesot ass et net méiglech op all d'Detailer vum Genie sengem Liewen anzegoen. Ma virun allem den Optimismus vum Leonardo da Vinci huet en Ustouss ginn, dee Bis haut undauert.

Hie war der Iwwerzeegung, dass ee alles ka verstoen, dass hannert allem Gesetzer stinn a genee dat zeechent jo och déi modern Wëssenschaften aus. E gutt Beispill sinn hei seng Fluchmaschinnen. Do gëtt et eng Zeechnung vun enger Maschinn, déi d'Fluchbeweegunge vu Vulle soll nomaachen. Zwar wier déi net geflunn, ma et illustréiert, dass den da Vinci keng Grenze kannt huet.

A genee dat zeechent jo och d'Wëssenschaft hautzedaags aus.