Agenda

12. Januar 2019, 20h00 - 22h00 Théatre & cabaret

De Bretzert

Differdange - Théâtre municpal de Differdange

Ët sin elo quasi op den Dag genee 25 Joër hir, dass den Déifferdenger Theatergrupp dem Norbert Weber säi Meeschterwierk «De Bretzert» opgefouert huet!

Een onvergänglecht Wierk vun engem vun de bedeitendsten Lëtzebuerger Auteuren an zudem nach de gréissten Publikumserfolleg vum Déifferdenger Theater! Zäit demno, «De Bretzert» nees op den Ordre du jour ze setzen an de Public mat engem vun de beschte Stécker aus dem Lëtzebuerger Répertoire ze erfréen.

Em wat geet ët dann am Norbert Weber séngem « De Bretzert»? Ëm villes an nach méi. An nëtt zu läscht em Respekt a Versteesdemech fir de Mënsch, an eisem Fall speziell fir de Jupp. Hiën huet ët nëtt einfach, De Jupp, de Koschter. Nëtt doheem, an och soss nëtt. Keen hëllt hië fir voll, ausser wann hiën ët as. D?Funsel, séng Fra, baatscht him der all Dag, kee Réck wäit a breet as sou huël a blo wéi dem Jupp säi Réck. Mä d?Funsel mengt ët nëmme gutt, probéiert hatt dach esou dem Jupp säin iwwerméissechen Alkoholkonsum - mat deem hiën säi Misär wëll ersaufen - an der Gitt an esou de Stot zesummen ze halen. Mä enges Dags, wann de Jupp nees zevill gesouckelt huet, geschitt eppes...

Waat, sief elo hei nëtt verroden. Nëmmen esou vill, beim Norbert Weber sengem Hit «De Bretzert» langweilt bestemmt kee sech!

Et spillen: Jean-Marc Calderoni, Patricia Apel-Breuer, Chantal Mentz-Nether, Claude Leus, Jules Orlando, Claude Greisch, Jessica Pauly, Romain Pierrot, Roland Flenghi, Marc Leyers, Gaby Calderoni-Logelin, Nicole Wohl a Lex Neu

Regie: Jean-Marc Calderoni

Assistenz : Muriel Galeazzi, Romain Graul, Romi Bei Angeloni

Luucht & Sound: Muriel Galeazzi a Jean-Marie Heiar

Grimmage a Gezei: Carole Mancini, Sandra Castiglia

Technik a Bühnebau: Technesch Equipe vum Déifferdanger Theater

Reservatioun iwert tmd.lu oder iwert Telefon 691 616 587 (Méindes bis Freides vun 18h bis 20h)

loading ...

Où?

55 rue Jean Gallion
Differdange
Letzebuerg


Audience: Pour tous publics