Agenda

24. Mäerz 2019, 17h00 - 19h00 Théatre & cabaret

Chaos an der Morgue

Steinfort - Hispic

Entrée: 10 €

D?Harmonie Klengbetten invitéiert op hir Theatervirstellung am Porsall tëschent Hoen an Klengbetten.
Den Ufank mécht eisen Nowuess mam Sketch ?Petri Heil?.

Duerno gëtt et weider mat ?Chaos an der Morgue?, en Dräiakter vum Winnie Abel.
Wie wollt nitt schonn eng Kéier, op d?mannst a Gedanken, alles dohi klaken a ganz nei ufänken? Abee, de Roger well dat, mat der wuel erzwongener Hëllef vum Emile a senge ?Pompes funèbres?, duerchzéien. Wann dann awer di quasi Witfra, d?Frëndin, oder besser nach dem Roger seng Affär, an och nach d?Dierwiechtesch sech bei där Möchtegern-Läich iwwer de Wee lafen, dann entsteet Chaos an der Morgue.
Alles, mä nitt eescht an traureg!
D?Opféierungen sinn den:

- 15/03 um 20h00

- 17/03 um 17h00

- 20/03 um 20h00

- 23/03 um 20h00

- 24/03 um 17h00
Platzen kënnen ënnert dem 621 701 847 reservéiert ginn.

Den Entrée fir Erwuessener ass 10? an fir Kanner 8?.
Den Sketch gëtt gespillt vum Lilly Bodson, Cédric Kauffmann, Mathilda Kaufmann, Christophe Scheuer, Arno Weicherding, Felix Weicherding an Max Wirth.
Am Chaos an der Morgue spillen: Simone Blitgen, Malou Christophe, Paul Christophe, Danny Druart, Aloyse Jacoby, Nico Kaufmann, Paul Kugener, Max Lucas, Ben Lucas, Rita Maieron an Michelle Sier.
Regie: Charel Schmitz
Organiséiert vun der Harmonie Kleinbettingen asbl mat der Ënnerstëtzung vum Restaurant de Bräiläffel an Hotel Jacoby.
Weider Informatiounen ënnert www.hklb.lu

loading ...

Où?

36 rue de Hagen
Steinfort
Letzebuerg


Audience: Pour tous publics