Agenda

15. Februar 2019, 20h00 - 23h59 Théatre & cabaret

Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen

Munshausen - Cube 521

Entrée: 20 €




D'Félicie an den Heng, eng eeler Koppel vum Lampertsbierg, fueren an e Schwäizer Kurhotel. Wat si do maachen a firwat et si an d'Schwäiz verschléit, ass laang Zäit net kloer. Si behuele sech ewéi zwee Gedriwwener, déi et doheem net aushalen an dobaussen an der Friemt net glécklech ginn. Jiddefalls gerode si an der Schwäiz op eng Zort Geeschterbunn: Alles, wat si erliewen, gëtt ëmmer méi koppeg a bosseg, d'Gläichgewiicht tëscht dem Félicie an dem Heng ass empfindlech gestéiert, a wa si op eemol am Kurhotel aner Lëtzebuerger begéinen, déi hinne komplett géint de Stréch ginn, eskaléiert déi ganz Situatioun. Mee wat stécht hannert där kuriéiser Schwäizer Eskapad? Den déiwe Grond kënnt nëmme stéckweis eraus, iwwert Undeitungen a Gefillsausbréch, an et däerf een unhuelen, datt déi richteg, schrecklech Geeschterbunn doheem um Lampertsbierg steet.




De Guy Rewenig huet säi Stéck ugeluecht als Geschicht iwwert d'Léift vun zwee Leit, déi net méi vill mateneen ufänke kënnen an awer op eng batter Manéier vuneneen ofhängeg sinn. Si péngege sech, maache sech Virwërf, streide vu mueres bis owes, fir dann nees momentweis friddlech a verstänneg mateneen ëmzegoen. Si sti sech selwer am Wee, kënnen net iwwert hire Schiet sprangen, an awer kënnt kee vun deem anere lass. Den Text ? eng Suite vu rapiden, intensiven Dialoger ? wiesselt stänneg tëscht Tragik a Komik, et gëtt Szeenen, déi engem d'Tréinen an d'Aen dreiwen, an anerer, déi un d'Optrëtter vun zwee Clownen erënneren. An iwwert allen Episoden a Statioune steet d'Fro: Wéi laang kann dat do nach gutt goen? Wéini kënnt déi grouss Katastroph?







* Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen ass ee vun den Texter aus dem Buch mam selwechten Titel, dat 2015 am Verlag Guy Binsfeld erauskoum.




Foto: Bohumil Kostohryz.
.  .  .  .  .  .  .  .  . 


Abonnement Théâtre: 4 représentations au choix: 78 ?



ROMEO & JULIET (23.11.2018) (en anglais)



WIE IM HIMMEL (13.1.2019) (en allemand)



WUNSCHKINDER (10.2.2019) (en allemand)



DÉI BESCHT MANÉIER, AUS DER LANDSCHAFT ZE VERSCHWANNEN (15.2.2019) (en luxembourgeois)



GEORGE DANDIN (4.4.2019) (en français)



DAS ABSCHIEDSDINNER (9.5.2019) (en allemand).



ou bien



ÀMIRÓ (6.10.2018)



FRANKENSTEIN (4.11.2018)



LENZ (14.6.2019)




 


loading ...

Où?

1-3 DRIICHT
Munshausen
Letzebuerg


Audience: Pour tous publics