Agenda

19. November 2019, 20h00 - 21h30 Théâtre & cabaret

Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller

Luxembourg - Théâtre National du Luxembourg (TNL)

Entrée: 20 €

Zwee Männer, e Procureur an e Riichter, treffe sech fir eng Aussprooch an engem ofgeleeëne Weekendhaus matzen am Éislek. De Procureur ass skeptesch: Ech muss éierlech soen: Wéi Dir mech invitéiert hutt, war ech paff. Firwat invitéiert hie mech?, hunn ech mech gefrot. Wat stécht do derhannert? Ass et Taktik? Wëllt hien eppes vu mir hunn?
Wat ufanks ausgesäit wéi e gemittlechen Härenowend, entwéckelt sech lues awer sécher an eng onerwaarte Richtung. Wéi de Riichter nom Iesse virschléit, säin neien Hobbykeller ze besichen, kënnt et zu engem Debakel.
Dem Guy Rewenig säi Stéck Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller erzielt, wéi vun engem Ablack op deen aneren déi charmant a friddlech Fassad vun der Lëtzebuerger Bourgeoisie zesummebrieche kann. Et ass eng gëfteg ?Heemechtsparodie? mat schwaarzen Akzenter. An der éischter Rei sëtzen dës Kéier Juristen ?de tous bords?.
Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller ass och mat engem klenge Jubiläum verbonnen: De Frank Hoffmann inszenéiert fir déi 10. Kéier e Rewenig-Stéck. Dës laangjäreg Verbindung vun engem Auteur an engem Regisseur huet viru 36 Joer zu Esch an der Kulturfabrik ugefaang. Hei d'Chronologie vun de Stécker:
Regie: Frank Hoffmann

Bühn: Christoph Rasche

Kostümer: Christoph Rasche, Denise Schumann

Regieassistenz: Patrick Gafron
Mat: Marc Baum, Jean-Paul Maes
 

loading ...

Où?

ROUTE DE LONGWY 194
Luxembourg
Letzebuerg


i
Audience: Pour tous publics