Net agelogged Newsletter | Login

David Guetta 2011 - De Star-DJ David Guetta kënnt zréck op Lëtzebuerg

De Star-DJ David Guetta kënnt zréck op Lëtzebuerg

09.02.2011, 14:14 - Fir d'lescht aktualiséiert: 22.02.2011, 17:05
Share on Myspace

No sengem Optrëtt virun iwwer 10.000 Leit am Mee d’läscht Joer an der Luxexpo kënnt en lo an d’Rockhal op Esch.


Och 2011 kënnt en op Lëtzebuerg!!!


Freides, den 10. Juni 2011 an der Rockhal zu Esch!

You need Flash to view this content

 

Gewannt elo är Tickets hei op eldo.lu >>>

Kaaft är Tickets am eldo.lu Ticketshop online >>>

 

Kuckt hei eise Video mam Interview vun 2010:



 

En Top Video vum David Guetta: Sexy Bitch!



 

Liest hei d'David Guetta Biographie:

House Music All Night Long" - Dësen legendären Old-School Klassiker vum Marshall Jefferson passt wuel am beschten zum David Guetta sengem Liewen.

Schonn am Alter vun 14 Joer huet den David Guetta, deen den 7. November 1967 zu Paräis op d'Welt koum, a sengem Keller Keller kléng Schoulparty'en organiséiert, bei deenen hien 10 Frang Entrée verlaangt huet. Den Elektrosound aus den USA rappt dee jonken David voll mat. Mat 17 Joer däerf hien schonn a Paräiser Club'en opleeën a mixen. Op déi verschidde Veranstaltungen bréngt hien seng eege Placken mat.

An den 90er Joeren bedreift hien seng eegen Disko, 1994 bréngt hien seng éischt eege Single „Up & Away“ op Sonys Sublabel Dance Pool eraus. Kuerz dono start hien seng éischt Ausflich op Ibiza. Do maachen déi zwee Fransousen David Guetta a Bob Sinclar Musek fir e puer dausend Leit. Op Ibiza léiert hien och déi zwou Bands Daft Pink a Cassius kennen.

Ufank 2001 releast hien seng zweete Single. „Just A Little More Love“ bréngt och internationalen Erfolleg, ee Joer méi spéit releast hien säin Album op Virgin Music.

Am Joer 2004 kënnt säin zweeten Album „Guetta Blaster“. D'Singleauskopplung „The World Is Mine“, ee Mix vun senger Hitsingle „Love don't Let Me Go“ an dem Tocadisco Remix vun The Egg's sengem „Walking Away“, leeft an de Club'en vun dëser Welt rop a rof.

No enger dräi Joer laanger Paus an der Hochzäit mat senger Partnerin Cathy Bardan (lo Cathy Guetta) viséiert hien mam nächsten Album „Pop Life“ de Mainstream. De Plan schéingt opzegoen. Weltwäit leeft „Love Is Gone“op Heavy Rotation.

Och d'Lidder vu sengem véierten Studioalbum „One Love“ aus dem Joer 2009 ginn um Radio gespillt. D'Single „When Love Takes Over“, eng Kooperation mat der Ex-Destinys Child Sängerin Kelly Rowland, leeft bei de Musiksenderen rop a rof.

Nieft sengen Alben produzéiert den David Guetta seng mëttlerweil legendär Mix-CD Serie „Fuck Me I'm Famous“. Nieft enger Disko gehéiert him nach d'Halschent vum Labels Prod/Gum Records, ee Sublabel vu Virgin Music.

Archiv:

Kuckt hei den Dossier vum David Guetta Optrëtt 2010 >>>



www.abraxas.lu






Alternative content

Ëmfro

De Marathon 2012 an der Stad. Sidd der derbäi?

  • Jo, ech lafen de ganzen Marathon mat
  • Jo, ech lafen de Semi mat
  • Jo, ech lafen an der Staffel mat
  • Ech lafen net mat mä ginn kucken
  • Nee, ech hunn näischt mam Marathon ze dinn