Royal Republic: 2.2.2013 @ Atelier

Déi schwedesch Rockband kënnt mat hirem aktuellen Album d'nächst Joer an den Atelier

Leschten Update: 29.11.2012, 11:11:08

Aus Schweden kommen eng ganz Reih héichkaräteg Indie-Bands. Eng vun de leschten Entdeckungen heescht Royal Republic a kënnt aus der schwedescher Küstestad Malmö. Zanter 2007 spillen déi 4 Skandinavier ëm de Sänger Adam Grahn Indie-Rock vum Feinsten an hunn  Kritiker an Zuschauer iwwerzeegt. Mat hirem aktuellen Album "Save the Nation" kommen Royal Republic den 2.2.2013 op Lëtzebuerg.

Weider Infos an Tix ginn et deemnächst hei:

LINK: www.atelier.lu