
Ugefaangen huet alles als Backgroundsängerin vu Paris Hilton a Britney Spears. Den éischten Erfolleg léisst net laang op sech waarden.
Am Joer 2009 sengt d’Ke$ha beim „Flo Rida“ sengem Hit „Right Round“ mat a gëtt sou bekannt. Mat senger éischter Single „Tik Tok“ packt et dann de Sprong an den internationale Musekbusiness. „Tik Tok“ klëmmt an 11 Länner op d’Platz 1 a gëtt mat 5 fache Platin honoréiert.
Am Joer drop bréngt d’Ke$ha sain Album „Animal“ eraus, den an den USA direkt op Platz 1 vun den Newcomer lant. „Warrior“ heescht den 2. Album den Ufank Dezember vum läschte Joer an d’Plackebutteker kënnt.
Nieft sengem Optrëtt bei „Germany’s Next Topmodel“ war d’Ke$ha och scho bei „The X-Factor“ ze gesinn. Kënschtler wéi Madonna, Led Zeppelin a Bob Dylan ginn oft als dem Kesha seng Virbiller genannt. Eng ganz Rei BMI Pop- a Billboard Awards ginn op dem Ke$ha säi Kont.
Mat der fonkelneier Single „C’Mo“ kënnt d’Ke$ha den 10. Juli an den Atelier.
De Virverkaf start den 13. Mäerz um 13h.
Tickete fir de Concert ginn et hei: Den Atelier
An natierlech ze gewannen op Eldoradio an op eldo.lu!