Lana Del Rey: 30. Abrëll live @ Rockhal

Déi US-amerikanesch Sängerin kënnt op Lëtzebuerg

Leschten Update: 24.04.2013, 11:53:30

Mat 2 BRIT Awards an engem MTV Europe Music Award ass déi sympathesch Assistente Sociale vu New York op den internationale Bühnen ukomm. Am Alter vu 17 Joer fänkt d’Lana Del Rey un mat enger Gitarre a Clubs ze spillen. 2010 huet d’Lana d’Chance mat Mando Diao op hirem MTV Unplugged Album mat ze schaffen. Am Joer drop geléngt him dann den Duerchbroch mat sengem Album „Born To Die“, wou Lidder wéi „Sommertime Sadness“ a „Video Games“ ze fanne sinn.

„Born To Die“ klëmmt an Däitschland, der Schwäiz, Éisterräich an England op d’Plaatz 1 vun den Charts. Den Hit „Summertime Sadness“ huet och eis zu Lëtzebuerg de ganze Summer iwwer begleed. Vir d’läscht huet een Ufank Mäerz eppes vum Lana del Rey héieren, wéi et seng nei Single „Dark Paradise“ virgestallt huet.

Den 30. Abrëll kënnt d’Lana Del Rey mat sengem Hit-Album op Lëtzbuerg an d'Rockhal. De Concert ass sold out. Lescht Tickete ginn et  ze gewannen hei bei Eldoradio.

 

LINK: Rockhal

LINK: Lana Del Rey