Hurts: 22. November @ Rockhal

Hurts kommen mat hirem 2. Album zréck op Lëtzebuerg: den 22. November spillen si live zu Esch an der Rockhal

Leschten Update: 17.04.2013, 13:48:17

Enk Kostümer, kuerz geschnidden Hoer, eeschte Bléck; Hurts falen alleng scho wéinst hirer strenger Ästhetik op. Mat hirem Schwéierpunkt op Eleganz packt den Duo vu Manchester et net, bannent kuerzer Zäit op Clubbühnen, mee och op d‘Berlin Fashion Week, wou si reng äusserlech och hipassen

Dass hir gréisstendeels schwaarz-wäiss gehalen Promofoto’en vum fréieren Dior Designer Hedi Slimane stamen, mécht den Hype ëm de Sänger Theo Hutchcraft an de Keyboarder a Gitarrist Adam Anderson nach méi grouss.

Zu dësem Zäitpunkt-also Ufank 2010- bréngt d’BBC och hir berühmte Lëscht eraus mat de groussen Pop-Hoffnungen vum Joer- an op där Lëscht  landen Hurts am iewegten Drëttel. Groussen Undeel un dëser Prognose hunn Lidder wéi "Wonderful Life" an "Better Than Love", déi den melodramateschen Synthiepop vum Duo beschtens representéieren

Hiren Debütalbum heescht “Happinessa kënnt am August 2010 eraus.  Dorop orientéieren sech Hurts staark um Sound vun den 80er Joeren an hire musikalesche Virbiller Pet Shop Boys, Depeche Mode an Tears For Fears. Mat deem Album kommen Hurts och an den Atelier.

Fir hiren zweeten Album léisst den Duo sech no enger laanger Concertstour 3 Joer Zäit: Ufank 2013 kënnt „Exile“ eraus- Lidder mat vill Pathos an Melodien.

De Moment sinn Hurts mat dësem zweeten Album op Tour an den Duo spuert hei awer och net mat alen Hitten wéi „Wonderful life“. Mee och nei Lidder ginn begeeschtert opgeholl. Den 22. November kommen Hurts mat deem neien Album live an d’Rockhal.

Infos an Tix: Den Atelier

Kuckt hei hir gréissten Hits: