Rudimental: 20. Mee @ Atelier

Rudimental kommen mat hirem fonkelneien Album op Lëtzebuerg

Leschten Update: 17.04.2013, 13:48:06

De Quartett “Rudimental“ aus London gëtt am Joer 2010 gegrënnt. Bekannt ginn déi 4 Museker 2 Joer drop mat hirem Hit „Feel The Love“. Dëse gëtt als „Hottest Record In The World“ a „Single Of The Week“ an de UK gefeiert a klëmmt do och op d’Nummer 1 vun den Charts. Beaflosst gi Rudimental vu Blues, Soul, Oldschool-Garage, Hiphop, R’n’B an House. Grouss Virbiller vu Rudimental si „Massive Attack“ oder och „Chase & Status“ an een Ziel vir d’Zukunft ass eegenen Aussoen no de legendäre Glastonbury Festival. D’Band selwer nennt hire Style “Drum & Bass-Track” an den Titel “Feel The Love” erënnert den een oder aneren e bëssen un de Gnarls Barkley.

Kannt hunn de Piers, de Kesi an den DJ Locksmith sech scho virun hirer Musekcarrière. Deemools hunn si scho vir e Piratesender gemixt. Spéider kompletéiert den Amir d’Band an sou gi Rudimental zu dem wat se haut sinn. Hiren Debutalbum „Home“ kënnt den 29. Abrëll an d’Plackebutteker. Mat dem Album komme Rudimental den 20. Mee dann och op Lëtzebuerg an den Atelier. Tickete ginn et vir 16€ beim Atelier oder ze gewanne hei bei Eldoradio.

LINK: Atelier

LINK: Rudimental