Woodkid+Sigur Ros: live zu Lëtzebuerg

Den Atelier huet demoien 2 weider Concerten ugekënnegt: Woodkid an Sigur Ros kommen dëst Joer op Lëtzebuerg

Leschten Update: 17.04.2013, 13:48:25

Museker wéi Katy Perry froen hien fir seng Video'en ze dréien -seng eege Concerten sinn am Nu sold out. De Woodkid ass deen neie Shootingstar aus Frankräich a mat sengem Debütalbum kënnt hien lo och op Lëtzebuerg: den 13. Juli spillt hien live am Haff vun der Abtei Neimünster. Séchert iech séier är Ticket'en!



Sigur Ros hunn och schonn am Haff vun der Abtei Neimünster gespillt an de Publikum begeeschtert. Dëst Joer kommen si zréck op Lëtzebuerg. An zwar den 23. November an d'Rockhal. De Virverkaf fänkt den 28. Mäerz un.

Tix fir béid Concerten ginn et hei:Den Atelier