Vanessa Paradis: 12.12.2013-live @ Rockhal

Déi franséisch Popsängerin kënnt mat hirem neien Album op Esch

Leschten Update: 21.05.2013, 08:46:38

Hiren éischten groussen internationalen Erfolleg als Sängerin hat hatt am Summer 1987 mam  Titel "Joe Le Taxi", deen a Frankräich 11 Wochen laang d'Charts ugeféiert huet. Och an Däitschland an a Groussbritannien gouf d'Lidd een Top-10 Hit.

Ee weidere vergläichbaren Hit ass dem Vanessa Paradis am Joer 1992 mat der Single "Be My Baby" gelongen

De 24. Mee kënnt mat "Love Songs", deen neien Album vun der franséischer Pop-Chanteuse Vanessa Paradis eraus. Den Album ass zesumme mam Benjamin Biolay entstanen. D'Sängerin weist sech hei vun hirer duusser awer och staarker Säit. Balladen, e bësse Rock an grouss Emotiounen sinn d'Basis vun den neie Lidder.

Ticketen kritt der vum 22. Mee un hei: LINK: www.rockhal.lu