Kesha: 10.7.2013 @Atelier

D'Sängerin vun "Die Young" live am Atelier

Leschten Update: 26.11.2013, 10:55:12

Wann d'Ke$ha eng Saach wierklech gutt kann, dann Geschichten erzielen. Vrun e puer Joer huet d'Popsängerin decidéiert, dass hatt säin éischten Album vum Prince produzéieren loosse wéilt. Also huet hatt seng Adress eraus fonnt an ass bei hien heem gefuer.   Säi Sécherheetspersonal huet hien zwar eraus geworf, awer virdun huet hatt nach seng Demo-CD do gelooss.

D'Ke$ha huet ni méi eppes vum Prince héieren, mee de Virfall seet schonn eppes aus iwwert dem Kesha seng Perséinlechkeet.  Viru 5 Joer huet hatt sech eng Plaz am Showbusiness erkämpft am Mikro als Backing Vocals vum Britney Spears op der Single Lace And Leather.

Animal, säin Debütalbum, huet d'Ke$ha mam Produzent Dr. Luke opgeholl, dee schonn Nummer-1-Hitten fir d'Britney Spears, Katy Perry, Kelly Clarkson, Avril Lavigne a Flo Rida gelant hat. D'Single TiK ToK klëmmt op d'Plaz 1 vun de Billboard Charts a gëtt ee vun de meescht gespillten Hits 2010 um Radio.

D'Ke$ha plazéiert insgesamt 6 Singelen ënnert den Top-10 an 3 Singelen ginn Nummer 1: TiK ToK, Your Love Is My Drug an We R Who We R. Deen éischten Album Animal huet sech méi wéi 2,5 Milliounen Mol verkaaft. D'Tournee féiert déi jonk Sängerin duerch 200 Stied.

D'Ke$ha huet bis haut méi wéi 25 Milliounen "Likes" op Facebook, méi wéi 3,5 Milliounen Followers op Twitter a méi wéi 365 Milliounen Clicks bei Youtube/Vevo. 

Den Iggy Pop an Wayne Coyne (vun de Flaming Lips)  hunn op sengem aktuellen Album Warrior mat geschafft. Déi éischt Single Die Young ass zesumme mam Nate Ruess vun der Gruppe fun. entstanen. Mat C'Mon, der zweeter Single vun Warrior, huet hatt ee weideren Erfolleg gelant.!

E Mëttwoch, den 10. Juli 2013 wäert d'Ke$ha am Atelier optrieden. Um 20.00 ginn d'Dieren op.

LINK: Atelier