Woodkid: 13. Juli @ Neumünster Abbey

De Wookdid kënnt fit eng exklusiv Open Air Show an den Haff vun der Abtei Neimünster

Leschten Update: 26.11.2013, 10:55:12

D'Carriere vum Konschtstudent Lemoine huet virun 5 Joer an der Publicitéitsbranche ugefangen. Kuerz dono hunn de Moby, d'Katy Perry, d'Taylor Swift, d'Rihanna an d'Lana del Rey ugeruff a wollten Museksvideo'en vun him fir hir Singelen.

A béide Branchen gouf de Lemoine mat Präisser iwwerschott: a mam Geld koum schliisslech d'Méiglecheekt och eege Musek ze maachen. Hien huet sech den Numm Woodkid ginn an e puer Lidder geschriwwen. Piano spillen hat hien schonn als Kand geléiert. Et huet funktionéiert. De Video zu sengem éischten Titel Iron gouf mëttlerweil eleng op  YouTube bal 20 Milliounen Mol ugekuckt.

Säin Debütalbum The Golden Age ass ee Sammelsuriumun  bombastescher, romantescher Melancholie, bei där ëmmer ee gewësse Soundtrackcharakter mat schwéngt. Dat éischt Stéck an Titelsong The Golden Age gëtt d'Richtung vir: melancholesche Piano, Geien, Trompetten an eng wëll Batterie-. Dobäi dem Lemoine säin fragile Gesang.

E Samschdeg, den 13. Juli 2013 wäert de Woodkid ënner fräiem Himmel mat spektakulärer Videoproduktioun eist Land verzauberen. Entrée an den Haff vun der Abtei Neimünster ass vun 19.00 un.

LINK: DEN ATELIER