
© AFP
"Eldoradio LIVE" ass DE Rendezvous fir Iech!
Eldoradio zerwéiert Iech all éischte Mëttwoch am Mount en Top Live Concert - ëmmer owes vun 20h00 bis ca. 22h00.
Vun All-Time-Klassiker bis hin zu topaktuellem Material - Eldoradio huet se alleguer. Qualitativ héichwäerteg Musek, a Kombinatioun mat onvergläichlecher Live-Stëmmung.
Dëse Mëttwoch, 3.Julii, ass et nees sou wäit - mat engem Concert vum Robbie Williams!
De Superstar ass erëm op grousser Tour, a mir hu schonn e Concert vu senger aktueller "Take the Crown" Tour fir iech virleien!
En onvergläichlechen Concert op Eldoradio - dëse Mëttwoch 3.Juli, vun 20h00 un...
De Robbie Williams, am "Eldoradio LIVE"!