Lenka- den 28. August live am Atelier

Charmanten Indiepop aus Australien

Leschten Update: 26.11.2013, 10:55:11

Spéitstens zanter sengem Hit Everything At Once ass d’Lenka an Europa keen Geheimtipp méi. Schonn mat hirem Debütalbum huet déi 33 Joer al Sängerin virun 4 Joer di  international Charts gestiermt. No enger Babypaus ass déi attraktiv Sängerin dëst Joer mat hirem 3. Album zréck a kënnt domat op Lëtzebuerg.

D‘Lenka ass am déiwen australeschen Dschungel opgewuess an huet réischt mat 7 Joer d’Zivilisatioun kenne geléiert wéi seng Famill op Sydney geplënnert ass. Schonn als jonken Teenager huet hatt Schauspillcouren geholl an do ënner anerem d’Cate Blanchett kenne geléiert. Duerch dëse Kontakt krut hatt Theater- an Teles-Rollen an huet an Independent-Filmer matgespillt. Seng éischt musikalesch Schrëtt huet hatt als Sängerin vun der Elektro-Rockband Decoder Ring gemaach.

2007 huet d’Lenka d’Band verlooss an ass op Los Angeles geplënnert, fir eng Solokarriär ze starten. Zesumme mat sengem Mann dem Kënschtler James Gulliver Hancock, huet hatt zu ville Lidder Video’en produzéiert déi sech séier am Internet verbreet hunn.

Wéi 2009 säin Debütalbum eraus koum, hat d’Lenka sech schonn als spannend nei Kënschtlerin en Numm gemaach. D‘Singleauskopplung The Show gouf e Welthit, mat Top 30-Platzierungen an Europa, England a ville weidere Länner.

Ausserdeem goufen seng Lidder fir verschidden Teles-Serien a Publicitéitsspoten lizenséiert. Dorënner och den Titel Everything At Once, deen Microsoft fir d’Aféierungen vum neie Betribssystem Windows 8 ausgewielt huet.

Och den zweeten Album vum Lenka ass an Toprotatioun gelaf bei alle Fans vun verdreemten Electro-Pop, deen d‘Kënschtlerin selwer als „Seefeblosen fir Erwuessener“ beschreift. No der Gebuert vu sengem éischte Bouf huet d’Sängerin ugefangen u sengem 3. Album ze schaffen…. An mat deem kënnt d’Lenka dëse Mëttwoch fir e Concert mat senger Band live an den Atelier.

LINK: Den Atelier