Frida Gold- den 20.9. live an der Rockhal Club

Mat hirem Nummer-1-Album "Liebe ist meine Religion" kënnt d'Band lo fir d'éischt op Lëtzebuerg

Leschten Update: 26.11.2013, 10:55:11

D'Sängerin Alina Süggeler, den Andi (bg), den Julian (git) an den Tommi (dr) alias FRIDA GOLD kommen aus dem Ruhrgebiet (Bochum) a bréngen zur Zäit Bewegung an déi däitsch Popszene. D'Band kléngt e bëssen no Nena, e bëssen no Wir Sind Helden, an e bëssen no Elektro.

"Zeig mir wie du tanzt" war déi éischt Single am Hierscht 2010, déi um Radio gelaf ass. "Wovon sollen wir träumen" war en Hit am Joer 2011. Dono koum eng grouss Däitschlandtour am Hierscht 2011 an Festivaloptrëtter.

2013 kënnt "Liebe ist meine Religion", deen Album deen den Duerchbroch fir d'Band bedeit, een Nummer-1-Album am Juni, d'Single "Liebe ist meine Rebellion" klëmmt op Platz 4 eran.

Nieft e sëllechen Nominéierungen fir d'MTV EMA’s a verschidden Auszeechnungen ass d'Band vrun allem duerch hir Live-Qualitéiten bekannt. Freides den 20. September kommen d'Museker lo fir d'éischt op Lëtzebuerg. Mat am Gepäck, hiren neien Nummer 1 Album "Liebe ist meine Rebellion".

Als special Guest ginn si begleet vum Jonas Myrin. No sengem europawäiten Erfolleg mat der Single „Day of the battle“ presentéiert de schwedesche Grammy Award Gewënner lo säin éischte Solo Album: „Dreams, Plans, Everything“.

Weider Infos an Tix: LINK: Rockhal