Bruno Mars Day @ Eldoradio

Dëse Freideg ass groussen Bruno Mars Dag op Eldoradio!

Leschten Update: 26.11.2013, 10:55:10

Gewannt déi läscht Tickete um Eldoradio

Lauschtert Eldoradio a gewannt déi läscht Bruno Mars Ticketen!

Alternativ kënnt Dir och hei op eldo.lu Är Chance probéieren oder an eiser Ticket Bourse no engem Ticket sichen!

Bruno Mars Dag op Eldoradio

Dëse Freideg ass de groussen Bruno Mars Dag!
De ganzen Dag iwwer verspille mir déi läscht Ticketen fir de Concert Owes an der Rockhal a senden exklusiv Bruno Mars Interviewe a Reportagen!

Live aus der Rockhal

Ab 17h melle sech d'Wencke an de Wulli LIVE aus der Rockhal vum Concert an um 22h gëtt et dann déi grouss Aftershow mam Andy mat Trafic News an den éischte Reaktioune vun der Show!

Bruno Mars

De Bruno Mars huet vill Talenter- hien ass Sänger, Songwriter, Produzent an ee Museker deen sech am beschte fillt live op der Bühn.

Gebuer gouf hien an enger ganz musikalescher Famill zu Honolulu, Hawaii, wou hien als Kand scho geléiert huet op der Bühn ze stoen. Wéi hien als Solokënschtler e Star gouf? Ganz einfach: Mat gudde Melodien.
 Mat senger gréissten Hits wéi "Just The Way You Are", "Grenade" oder dee méi aktuellen "Locked Out of Heaven" aus sengem 2. Album "Unorthodox Jukebox" kënnt de Bruno Mars Freides den 18. Oktober an d'Rockhal. De Concert ass sold out.

Lauschtert hei d'Biographie vum Bruno Mars:


Lauschtert hei en Interview mam Bruno Mars:


LINK: Den Atelier