
Scho mat senger Debüt-EP Is konnt d'Alex Hepburn opmierksam maachen, huet den Titel Single of the week bei itunes kasséiert, a war dono an all gréisserer Show ze gesinn déi a Frankräich leeft.

D'Alex Hepburn versteet sech als Blues-Sängerin mat der Sensibilitéit vun enger Pop-Songwriterin.
Een éischte Virgeschmaach huet eis d'Single Under geliwwert- ee Lidd iwwert d'Léift déi sou staark ass dass se d'Bréck tëscht Liewen an Dout ka bauen.
No Under koum den laang erwaarten Longplay-Debüt Together alone, wou d'Alex Hepburn zesumme mam Jimmy Hogarth (Paolo Nutini, KT Tunstall), Gary Clark, an Ian barter zesumme geschafft huet. Péng, Trauer a Roserei- verschafft um Debütalbulm vun engem Newcomerstar.
Mëttwochs den 23. Oktober trëtt d'Alex Hepburn mat senger Band am Atelier op. Um 20h ginn d'Dieren op.
Weider Infos an Tix: LINK. Atelier