Casper: 25. Oktober live am Atelier

De Concert ass sold out. Gewannt di lescht Ticketen op Eldoradio an op eldo.lu

Leschten Update: 26.11.2013, 10:55:10

De Casper ass ee musikalesche Grenzgänger. Säin leschten Album "XOXO" huet d'Kaarten am HipHop-Game nei gemëscht an een doud gesoten Genre revitaliséiert. Eng nach méi grouss Iwwerraschung war allerdéngs d'Tatsaach, dass de Casper mat sengen déif biographesch gefierften Texter den Nerv vun enger ganzer Generatioun getraff huet. Vëlleg onerwaart ass "XOXO" op Platz 1 an déi däitsch Charts era geklommen. Bannent e puer Méint huet de Casper déi gréisste Festivaller gespillt- dorënner och de Rock-A-Field 2012.

Enn September koum deen neien Casper-Album "Hinterland" eraus, dee mëttlerweil drëtten Soloalbum vum Rapper, deen sech hei nach eng Kéier musikalesch nei erfonnt hat. Mat dësem Nummer-1-Album kënnt den däitsche Rapper fir eng eegen Headliner Show an den Atelier. De Concert ass sold out.

Weider Infos fannt der hei: LINK: Den Atelier