
Als éischt war Bastille ee Soloprojet vum Sänger-Songwriter Dan Smith, deen hien 2010 mat 3 Frënn (Chris Wood, Will Farquarson, Kyle Simmons) zur Band ausgebaut huet.
D'Debütsingle "Flaws" ass schonn am Juli 2011 eraus komm. Dono koum d'EP "Laura Palmer" als Hommage un d'Teles-Serie Twin Peaks.
Mam Re-Release vun "Flaws" als regulär Single hunn Bastille am Hierscht 2012 Plaz 21 an den UK-Charts erreecht.
Den Album "Bad Blood" ass op der 1 gelant, d' 2. Single "Pompeii" op der 2. A wa Bastille live op der Bühn stinn, ruffen di weiblech Fans : „Dan, ech wëll ee Kand vun Dir!“ Eng Meedercher-Schmuse-Band sinn si awer trotzdem net. De Beweis kritt der dëse Méindeg 11. November live am Atelier.
Weider Infos.
Den Atelier
Homepage Bastille