
Biffy Clyro ass eng schottesch Rock-Band mat vill Erfahrung, déi am Joer 1995 gegrënnt gouf. Hiren 6ten Studio-Album Opposites ass am Januar 2013 op de Maart komm.
Biffy Clyro sinn eng vun deenen Bands déi sech an där moderner Pop/Dance Era trei bleiwen. Mat hirem Rock, bréngen si et nach ëmmer fäerdeg, sech eng Plaatz an den Internationalen Charts ze sécheren.
An deene leschten Joeren huet sech Biffy Clyro groussen Respekt vun Bands weltwäit verdéngt. Si stoungen schonn mat den Red Hot Chilli Peppers, Rolling Stones, Linkin Park an The Who op der Bühn.
"Oben-Ohne" Concerten sinn Biffy Clyro an dem Frontman Simon Neil hiert Markenzeechen. An engem Interview hunn si erklärt dass daat am Ufank sou komm ass fir op Tourneeën ‚Wäsch ze spueren‘, mee mëttlerweil ass et zu hirem "Markenzeechen" ginn.
Mat e puer internen Problemer hat Biffy Clyro an de leschten Joeren ze kämpfen. Den Drummer Ben hat nämlech e groussen Alkohol-Problem. Biffy Clyro hunn sech awer net dovunner erof zéie gelooss an hunn zesummen hiren Drummer aus der Onofhängegkeet erausgezunn.
2 mol ware Biffy Clyro scho live am Atelier. Lo stinn se mat frëscher Energie an engem Duebel-Album fir iech den 15. Dezember an der Rockhal op der Bühn. Héchstwahrscheinlech rëm ouni T-Shirt.