
Wann d'Memberen vum kalifornesche Kollektiv Edward Sharpe & the Magnetic Zeros zesummen op der Bühn stinn, maachen si eng grouss Indierock-Party tëscht Folk an Alternative Rock. Mat hiren aussergewéinlechen Stëmmen, den authenteschen Instrumenter an den exzellenten Lidder erueweren si all Publikum am Nu.
2009 ass d'Band mat hirem fantasteschen Debütalbum Up From Below ronderëm d'Welt getourt.
2012 koum deen erfollegräichen 2. Album Here, deen Plaz 5 an den Billboard Charts erreecht. An di aussergewéinlech Single Home (mat iwwer 30 Milliounen Clicks op Youtube) gouf och an Europa en Hit

E Méindeg, 3. Februar 2014 kommen Edward Sharpe And The Magnetic Zeros an den Atelier.
Um 20h ginn d'Diren op.
Ticketen a weider Infos kritt der hei:Homepage Den Atelier