OneRepublic: 14.03.2014 live an der Rockhal

De 14. Mäerz komme OneRepublic zréck an d'Rockhal. de Concert ass sold out.

Leschten Update: 04.03.2014, 09:42:05

OneRepublic ass ee Quintett aus Colorado/USA. D'Museker ronderëm de Sänger Ryan Tedder hu sech no der Highschool 2004 forméiert a sinn zanterhier eng vun de gefroteste Bands am Community-Portal MySpace. Den Debütalbum koum Enn 2007 eraus. Nieft sengem Bandengagement schafft de Ryan Tedder och fir grouss Staren an huet Enn 2007 mam Timbaland den Titel  "Apologize" un der Spëtzt vun den Charts plazéiert.

2009 hunn OneRepublic hiren 2. Album ("Waking Up") um Start. De Song "Secrets" lant direkt op Plaz 1 am Airplay an déngt als Zuchpäerd fir den Til Schweiger Film "Zweiohrküken".

Am Fréijoer 2013 geet de Succès weider. Den Album "Native" ass mat 6 Radiohitten equippéiert. Dee gréissten Hit ass wuel den Titel "Counting Stars", deen einfach gutt Laun verbreet.

De Ryan Tedder ass 2013 deen erfollegräichste Songwriter vun den USA gewiescht. Keen anere Songwriter konnt zejoert méi Hits virweisen, schreift d'US-Musikzeitung "Billboard".

De 14. Mäerz kommen One Repulic mat hirem 3. Alkbum zréck an d'Rockhal.

De Concert an der Rockhal ass sold out.

Weider Infos fannt der hei: www..rockhal.lu