Casper: 07. Abrëll 2014 @ Atelier

Nom ausverkaaften Concert zejoert am Atelier kënnt den Casper lo zréck op Lëtzebuerg

Leschten Update: 06.04.2014, 08:51:13

Just e puer Stonnen huet et gedauert, dunn war dem Casper seng HInterland-Tour 2013 komplett sold out. Am Kader vun där Tour koum de Casper och am Oktober zejoert an den Atelier... mä vill Fans hu missen dobausse bleiwen.

Wéinst där enormer Nofro geet hien lo op déi grouss Hinterland-Tour 2014. Mat dëser Show wäert de Casper säin Album "Hinterland" op de grousse Bühnen presentéieren. "Hinterland" ass dee bis elo 3. Soloalbum vum Casper. Opgeholl huet hien en zesumme mam jonke Produzent Markus Ganter a mam Konstantin GRopper, ee vun de beschte Songwriter an Däitschland - een ideaalt Team fir dem Casper seng Ideeën ëmzesetzen.

Méindes den 7. Abrëll presentéiert de Casper den Album live am Atelier. Um 19h ginn d'Diren op. Ticketen kritt der op