
Mam Virgängeralbum "Tomahawk Technique" gouf de Sean Paul fir e Grammy nominéiert a konnt a 7 Länner d'Top 10 vun den Charts stiermen an 2 gëlle Placken entgéint huelen. Déi 2 Singleauskopplungen "Got 2 Luv U" an "She Doesn't Mind" sinn am ganzen 5 Milliounen Mol iwwert den Dësch gaangen.
Mam neien Album "Full Frequency" mécht de Sean Paul lo deen nächste Schrëtt op sengem erfollegräiche Wee, verschidde Museksgenren a kulturell Aflëss mateneen ze verbannnen. Dat ass dem Jamaikaner scho mat Alben wéi "Dutty Rock" oder "The Trinity" gelongen.
Sou konnt hien sech an der Vergaangenheet mat eegene Singelen wéi "Get Busy", "Gimme The Light", "Like Glue", oder Temperature" een Numm maachen wéi och mat Kooperatiounen mam Beyoncé (Baby Boy), Blu Cantrell (Breathe) oder Rihanna (Break It Off).

Längst huet de Sean Paul sech als ee vun de wichtegsten Acts vu senger Generatioun etabléiert- an huet e sëllechen Auszeechnungen kasséiert wéi de renomméierten American Music Award an der Rubrik "Favorite Pop/Rock Male Artist".
Samschdes den 10. Mee spillt de Sean Paul live an der Rockhal zu Esch
Um 19h00 ginn d'Diren op.
Ticketen kritt der op www.atelier.lu