Massive Attack: den 2. Juli am Haff vun der Abtei Neimënster

Den Trip-Hop Duo kënnt den 2. Juli live an den Haff vun der Abtei Neimënster. Gewannt de ganzen Dag Tix op Eldoradio!

Leschten Update: 01.07.2014, 14:35:38


Mir verspillen de ganzen Dag iwwer Tix fir dëse Concert op Eldoradio oder elo schonn direkt hei!


Massive Attack ginn Enn vun den 80er aus dem Kënschtlerkollektiv „The Wild Bunch“ am südengleschen Bristol ervir.

Am Joer 1990 bréngen si hier éischt Single "„Daydreaming“" eraus, dono kommen d'Chart-Hits „"Unfinished Sympathy"“ an „"Safe From Harm" eraus“. Wéi am Joer dono  den Debüt-Album „"Blue Lines“" eraus kënnt, ass d'Musekspress begeeschtert. D'Bezeechnung Trip Hop gëtt fir de Sound vu Massive Attack  erfonnt. „Bis haut ass "Blue Lines“" ëmmer nach Kult an fir de Rolling Stone Magazine ee vun de wichtegsten Alben weltwäit.

Am Laaf vun den Nonzeger Joeren kommen 3 weider Alben eraus, an deenen Massive Attack hiren düstere Groove-Motto weider ausbauen. Ëmmer nees ginn eenzel Lidder fir Telesreportagen oder Reklammen benotzt.

Hir live Showen sinn grandios visuell Erfahrungen.

Den 2. Juli spillen Massive Attack am Haff vun der Abtei Neimënster.
De Concert ass sold out.

Lescht Tix ginn et ze gewannen op Eldoradio oder soss an der Eldoradio Ticktebourse!

Weider Infos iwwert de Concert: LINK: www.atelier.lu/