Iron Maiden: den 1. Juli live um Herchesfeld zu Réiser

Di britesch Heavy Metal Band kënnt mat hire gréissten Hits live op Lëtzebuerg

Leschten Update: 30.06.2014, 22:32:03

Nëmmen zwee Deeg nom Rock-A-Field- Festival rocken Iron Maiden en Dënschdeg, 1. Juli den Open-Air-Terrain zu Réiser.

12.000 Mënschen kënnen um Terrain zu Réiser Plaz fannen – duebel sou vill wéi an der Rockhal also.

Well et just wéineg Parkplazen ronderëm den Terrain ginn, wäerten grad wéi beim RAF-Festival Navetten zur Verfügung stoen.

Den Iron-Maiden Konzert gëtt am Kader vun der «Maiden England Tour» organiséiert.

D'Band wäert hir gréissten Hits aus den 80er zum Beschten ginn.

Weider Infos an Tix: LINK: www.atelier.lu/Upcoming-Shows/Iron-Maiden