Beatsteaks: 4. Oktober live an am Atelier

Mat hirem 7. Album kënnt di däitsch Punkrock-Band zréck op Lëtzebuerg

Leschten Update: 02.10.2014, 10:02:13

Schonn ee Joer no hirer Grënnung  1995 konnten d'Beatsteaks sech viru groussem Publikum beweisen: als Gewënner vun engem lokalen Contest huet d'Band sech eng Platz am Virprogramm vun de Sex Pistols zu Berlin geséchert.

Waren op hirem éischten Album „48/49“ (1997) nach e puer däitsch Lidder- hunn d'Männer ëm de Sänger Arnim Teutoburg-Weiß vum zweeten Album „Launched“ (1999) un englesch Texter gemaach. No Optrëtter mat Bands wéi den Toten Hosen, Bad Religion oder den Donots waren d'Beatsteaks landeswäit bekannt.

Den definitiven Duerchbroch koum fir d'Berliner Alternativ-Rocker mam Album „Smack Smash“ (2004) an de Singelen „Hand In Hand“ an „I Don’t Care As Long As You Sing“.

Och di Placken dono, „Limbo Messiah“ (2007), „Kanonen auf Spatzen“ (Live/2008) a „Boombox“ (2011) haten Erfolleg.

Am August 2014 koum hiren aktuellen, 7. Album an ass direkt op Plaz 1 vun den däitschen Albumcharts gelant.

Mat deem Album kommen d'Beatsteaks Samschdes de 4. Oktober live an den Atelier.

Weider Infos an Tix: LINK: http://www.atelier.lu