Lenny Kravitz: Gewannt een exklusive Gig op Eldoradio

Viru sengem Concert an der Rockhal spillt den Lenny Kravitz en exklusive Gig zu Amiens a Frankräich. An dir kënnt live mat dobäi sinn!

Leschten Update: 11.10.2014, 00:00:05

Gewannt dësen exklusiven Gig dësen Dënschdeg op Eldoradio!

Soubal dir e Lidd vu Lenny Kravitz um Eldoradio héiert, schreift eis eng SMS mam Stéchwuert „ Lenny“ op den 62456! (50cts/SMS) 

Mat Chance sidd dir mat Begleedung + Iwwernuechtung  zu Amien bei der leschter grousser Generalprouf virun der grousser Tour vum Lenny Kravitz mat dobäi!

Hien ass Rocksänger, Komponist, Songwriter, Produzent a Schauspiller. Zanter 30 Joer ass de Lenny Kravitz ee vun den erfollegräichsten Kënschtler am Museksbusiness. De Multi-Instrumentalist beherrscht mat Rock, Balladen, Hard Rock, Soul, Funk, Reggae an Hip Hop déi verschiddenste Museksstiler.

Mat sengem 10. Studioalbum "Strut" kënnt de Lenny Kravitz den 9.Dezember an d’Rockhal, an do virdrun kënnt dir en ganz intim erliewen - an der  Prouf virum Start vun senger grousser Tour den 16.Oktober zu Amiens a Frankraich !