"The Script" zu Lux: Um Enn streikt den Ecran!

Um Sonnden Owend woren "The Script" zu Lëtzebuerg. Um Enn vum Concert hutt den Ecran gestreikt. Der Stëmmung huet dat näischt ausgemaach.

Leschten Update: 15.06.2015, 09:19:44

© Eldoradio

"The Script" woren gëscht Owend fir en exklusive Concert zu Lëtzebuerg. Der Band aus Irland rondrëm hirem sympatheschen Frontmann Daniel O'Donoghue hutt sech den Ubléck op eng praktesch Sold-Out Rockhal gebueden.

Vun Ufank un huet ee gesinn: dee Mann hat Spaass op der Bühn. Den O'Donoghue hutt eppes éischter ontypesch gemaach, mat enger Go-Pro ass hien an de Public gaangen. Welt-Staren hautno. Special-Feature: Dat Ganzt wat den Sänger gefilmt hutt, gouf op e Risen-Ecran iwwerdroe. Héngerhaut - Feeling pur.

© Eldoradio


Nieft hire bekannten Hits huet d'Band aus Irland awer och vill nei Saachen gespillt. Trotzdem woren d'Fans zimlech textsécher.

Um Enn war och praktesch jiddwereen zefridden:



De Concert hutt bal 2 Stonnen gedauert. Top. Och wann de groussen Ecran um Enn gestreikt hutt, e Concert deen definitiv 4.5 vun 5 Eldo-Stären verdéngt hutt!

"The Script" zu Lëtzebuerg, gären ëmmer rëm!

© Eldoradio