"One Republic": Leschte Concert vun hirer Europa-Tournee

Groussen Äddi um Méindeg Owend an der Rockhal. "One Republic" hunn hire leschte Concert vun hirer Europa Tournee ginn.

Leschten Update: 16.06.2015, 09:49:32

© Eldoradio

Wee Fan vu One Republic ass weess, Lëtzebuerg ass keen onbekannten Terrain fir d'Jongen.
Gëschter Owend hunn di sympathesch Jongen rondrëm de Leadsänger Ryan Tedder hire leschte Concert vun hirer Europa-Tour zu Lëtzebuerg ginn. Nach mëttes goung et op grouss Entdeckungstour duerch d'Stad Lëtzebuerg. One Republic verstoppen och op de soziale Medien net dass si gär an ons't Land kommen.

© Screenshot Facebook


Knapp 2 Stonne laang gouf et éierlech an handgemaachte Musek. Keen Erof-Geleiers vun enger Tracklëscht, keen langweilege Bla-Bla. Et huet een de 6 Jongen de Spaass op der Bühn regelrecht ugesinn.

© Eldoradio


Vun Ufank u gouf et e Feierwierk vun Hits. Praktesch all One-Republic Hit gouf gespillt, och wann munchereen sécherlech "Building Bridges" am Repertoire vermësst huet. Besonnesche Leckerbissen: 2 Coverversiounen, eemol dem George Ezra säi "Budapest", oder den Kulthit "What a wonderful World" vum Louis Armstrong.

Zum Schluss goufen d'Hits mat engem Fotostream aus Lëtzebuerg ënnerluecht an ënnert dem lëtzebuerger Fändel gouf et di leschten Hits.

© Eldoradio


Egal op just um Mikro, op dem klengen Piano deen ausgesinn huet, wéi aus engem Bistro oder un der Gittar: den Tedder beweist dass hie méi ass wéi just de Sunnyboy aus Amerika. Ganz bewosst gouf op di grouss Show verzicht, dofir gouf et ganz vill handgemaachten Téin! Dat deet gutt, grad wann een un aner Concerten a Staren aus Amerika denkt.

© Eldoradio


Besonneschen Highlight zum Schluss: Den allerleschte Song gouf live, weltwäit gestreamed an milliounefach vun One-Republic-Fans ugeklickt.
Um Enn gëtt et just zefridden Gesiichter a Stëmmen an der Rockhal!

© Eldoradio

Verdéngten 4 vu 5 Stären!

Gären nees!