SEEED am Atelier: Mega Stëmmung op Mini-Bühn

Um Mëttwoch Owend hu Seeed am ausverkaafte Kader vum Atelier gespillt. E Kader deen de Concert zu engem richtegen Highlight gemaach huet.

Leschten Update: 10.09.2015, 07:22:05

© Eldoradio

Um Mëttwoch Owend hunn Seeed e Concert am Virfeld vun hirer Tour am Atelier ginn. E Concert, do ass sech d'Eldoland eens, deen et definitiv a sech hat.


Mat danzen vun Ufank un

Um kuerz no 9, nodeems en DJ gutt opgewiermt hat, sinn d'Luten ausgaang an Seeed sinn op d'Bühn komm. Séier huet sech erausgestallt dass net just den Atelier voll war, mä och d'Bühn. Ganzer 13 Museker hunn op der klenger Bühn Plaz fonnt.
Direkt am Ufank konnt de Public op de klassesche Reggae-Groove mat danzen. Dat sollt bis zum Schluss unhalen.
© Eldoradio

Seeed hate Spaass

Net nëmmen de Public hat Spaass. Och Seeed Selwer. D'Choreografien vun der Band hunn Non-Stop den Atelier zum "ausflippe" bruecht. Egal op Wonderful Life, Deine Zeit, Cherry Oh oder Molotov, all di grouss Hits goufen zerwéiert. Och Remixer goufen et, sou gouf ënnert anerem dem Timberlake säi "Sexyback" remixed. Et koum un.

Nach ni wore sou vill Leit op der Atelier-Bühn

Wéi bei "Alles neu" nach 4 Perkussionisten op d'Bühn koumen stoungen eng ganz 17(!) Museker op der Atelier Bühn!  No Aufstehn als leschten Zugab verloossen Seeed um 22h47 Bühn.
© Eldoradio

Net vill geschwat, ëm sou méi gespillt

De Public ass zefridden. Eenzege Manko, Kommunikatioun tëscht Seeed an dem Public wor op dat néidegst reduzéiert, dofir goufen et awer all hir grouss Hits an eng sëlleche Remixer.

4,5 vu 5 Eldo Stäre!