SIDO am Interview: E Faux-Pas ass mënschlech

40 Minutten hutt den däitsche "Liiblingsrapper" am M ofgerappt. Dunn war et och schonn rëm riwwer. Seng Show hutt trotzdem gréisstendeels iwwerzeegt.

Leschten Update: 17.09.2015, 15:10:31

© M Club Facebook Screenshot

Wann den däitsche Liiblingsrapper optrëtt ass regelméisseg mat Skandaler ze rechnen. An Jägermeister gëtt et natierlech och. Sou och um Mëttwoch Owend am Mclub.

Eldoradio Interview

Am Eldoradio Interview huet de Sido vum Andreas Bourani, sengem éischte Nr. 1 Hit an den däitschen Charts a vu sengem Aussetzer beim Stefan Raab geschwat:



De Sido huet och eng Erklärung, wisou déi däitsch Musek sech an de leschte Joere nees am Opschwong befënnt:

Däitsch Musek


Am Joer 2010 war de Sido den éischten däitsche Rapper den en MTV Unplugged Album opgeholl huet. De Max Herre an den Cro si lo nogezunn. De Sido huet seng eege Meenung zu deenen zwee Alben:

Unplugged


Sido Concert, de Mëttwoch, 16.09.15 am Mclub:

"Ich kann die Lieder im Tiefschlaf"

D'Majoritéit geet nom Concert zefridden heem. Kleng Panne gouf et trotzdem. De Sido ass e Vollprofi wat den "Entertainment" ugeet. D'Stëmmung am M war richteg gutt. Mat Humor hutt hien säi "Raab-Texthänger" ëmmer nees an d'Show integréiert. Nom gefillt 10te Jägermeister sot hien zb: "Leute, wenn ihr denkt ich werd jetzt wieder besoffen und vergess meinen Text: Keine Angst! Die nächsten Lieder kann ich auch im Tiefschlaf".

Trotz Tounproblemer, Public zefridden

Anersäits hunn Tounproblemer (Iwwersteierung & Aussetze vum Mikro), sou wéi och 2-3 Textpatzer e bëssi gestéiert. Kritikpunkt war bei ville Leit dass de Sido just 40min Optrëtt hat, an mat iwwer enger Stonn Verspéidung koum.

All Hits gespillt

Fans koumen awer op hir Käschten. All seng grouss Hits waren um Start. Egal op al Saache wéi "Fuffies im Club", oder "Mein Block" waren mat dobäi, genau wéi seng nei Chart-Hits.

Op Wonsch vum Public hutt hien um Enn souguer säin "Arschficksong" gespillt.

Eldo Concertsbewäertung: 2 vu 5 Stäre

Lauschtert hei wéi de Public de Concert fonnt huet:


Klickt hei fir di offiziell FB Säit vum MClub >>>