Ellie Goulding: De 29. Februar an der Rockhal!

Déi britesch Singer-Songwriterin kënnt Méindes, de 29. Februar 2016 zréck op Lëtzebuerg!

Leschten Update: 18.09.2015, 10:34:10

Nodeems d'Ellie Goulding 2014 um Rock-A-Field Festival iwwerzeegt huet, wäert d'Sängerin hire neien Album "Delirium", deen de 6. November eraus kënnt, Méindes de 29. Februar an der Rockhal presentéieren.

De 25. September start de Virverkaf op www.atelier.lu

De ganzen Dag iwwer hu mir der britescher Sängerin hir nei Single "On My Mind" am Exklusiv.

LINK: Lauschtert déi nei Single "On My Mind"