Ellie Goulding @ Rockhal: Gutt Stëmm, wéineg Interaktioun

Ganz zefridden war de Public an der bal ausverkaafter Rockhal gëscht Owend. Fir eng weider Kéier koum d'Ellie Goulding op Lëtzebuerg.

Leschten Update: 01.03.2016, 07:08:00

© eldoradio

Nodeems hat jo och schonn um Rock a Field gespillt huet, konnt een d'Ellie Goulding um Méinden Owend um "Schaltdag" vum Schaltjoer 2016 an der Rockhal bewonneren.

A bewonneren ass genee dee richtegen Ausdrock. No (gefillt) all drëttem Lidd hat hatt  en neit Outfit un. Wéi ëmmer sexy a kuerz. Leider konnt och dat net iwwer dat wéinegt "kommunikatiivt" Goulding ewech täuschen. Seng Interaktioun mam Public wor fir muenchereen ze mann.

Stëmmlech konnt et awer iwwerzeegen. Nieft neie Songs gouf et och eng gutt Partie al bekannte Singlen.

Um Enn war de Public zefridden.

Mir ginn dem Concert: 3 vu 5 Eldo-Stäre.

Lauschtert hei e puer Reaktioune vu gëscht Owend: