Macklemore & Ryan Lewis: Highlight-Concert an der Rockhal

5 vu 5 Stäre kritt den Touroptakt vu Macklemore a Ryan Lewis um Dënschden Owend an der Rockhal. Eng eenzeg Party an eng excellent Bühneshow.

Leschten Update: 09.03.2016, 05:09:51

© eldoradio

Um Dënschden Owend hunn de Macklemore a Ryan Lewis hir grouss Tour an der Rockhal gestart. Gläich e puer mol hutt de Macklemore dann och betount wéi frou hien ass, grad hei am Land ze starte.

Direkt am Ufank: e Freedefeier ier et lass goung. Et hutt een gemierkt, di 2 hate "Bock". Op der Bühn sinn dräi grouss Schiermer mat Videoen a Foto e gelaf. Dobäi koume weider Schiermer fir Liveproduktioun. Insgesamt: eng Top Videoshow!

Nieft dem Ryan Lewis a Macklemore stoungen och nach Straicher op der Bühn, Bléiser, e Gittarist, Pianist oder och nach e Percussionnist. Top Dänzer a Dänzerinne hunn dat Ganzt ofgeronnt.
© eldoradio

Musikalesch krut een e gudde Mix tëscht coole Raplidder an entspaante Balade gebuede.
Tëscht de Lidder huet de Macklemore vill mam Public geschwat. "Vill Leit kommen als Friemer op de Concert a ginn als Famill heem" sou eng vun den zentralen Aussoen vum Kënschtler.

Wat de Concert méi spéit gouf, wat et méi eng grouss Party gouf. Während dem Concert hutt de Macklemore op der Bühn Brownies giess an déi verdeelt oder e Bild gemoolt a verschenkt. Beim zweetleschte Lidd hunn der 2 aus dem Public duerfen fir en Dancebattle op d'Bühn.
© eldoradio

Huet een beim Ellie Goulding nach di ze mann Interaktioun misse reprochéieren sou war déi hei méi wéi präsent. Insgesamt en Top Concert op ganz héijem Niveau.

Dowéinst och exzeptionell 5 vu 5 Stäre!

Lauschtert hei e puer Stëmme vum Concert:





Links