Sonic Visions Festival 2016Mat The Lumineers an Jake Bugg

The Lumineers an den Jake Bugg goufen als éischt Headliner fir de Sonic Visions Festival 2016 annoncéiert. Och Nao, Cleveland an Tuys trieden hei op.

Leschten Update: 10.05.2016, 12:41:03

The Lumineers© FREDERIC J. BROWN / AFP

D'Organisateuren vum Sonic Visons Festival hunn éischt Nimm vum Line Up 2016 bekannt ginn. An zwar wäerten The Lumineres an den Jake Bugg hei live optrieden, grad esou wéi Nao, Cleveland an Tuys.

De Festival ass dëst Joer just nach een Dag, nämlech Samschdes den 12. November an der Rockhal.

Den Ticketspräis variéiert jee no Timing: “Friendly Spring Tickets” kaschten 32 Euro, “Regular Tickets” kaschten 39 Euro an fir “Last Chance Tickets" musst der 45 Euro bezuelen. De Message ass kloer– kaaft ären Ticket sou fréi wéi méiglech!

Tickete ginn et op der Homepage vum Sonic Visions-Festival.


Den 12. November ass di 9. Editioun vum Sonic Visions Festival an der Rockhal. Dëst Joer just nach op engem Dag. Elo hunn d’Organisateuren déi éischt Nimm bekannt ginn. An zwar trieden  Nao, Cleveland an Tuys hei op, ausserdeem 2 Headliner fir Fans vun Folkrock-Musek.

Lauschtert hei de Reportage:








Links