Chris Brown @ RockhalAusgebuht an awer iwwerzeegt

E méi schlechte Start huet de Concert vum amerikaneschen Hip-Hoper an R&B-Star Chris Brown geholl. Réischt um 22h goung et lass.

Leschten Update: 14.06.2016, 09:21:18

Bis 22Auer07 hunn d'Spectateuren um Sonnden Owend misse waarde fir de Chris Brown live op der Bühn vun der Escher Rockhal ze gesinn.

De Support Act ass kuerzfristeg ausgefall sou dass de Public dann net wéi sou dacks um 20h30/ 21h di éischt Show gebuede krut, mä ebe réischt um 22h.

© eldoradio

Um Enn wor awer jiddwereen zefridden.

De Chris Brown huet de Problem ugeschwat, a säi Public dann no alle Regele vun der Konscht "chaud" gemaach. Och wa säin Optrëtt um Enn e bëssi kuerz war, woren am Eldo-Interview dach alleguerten d'Visiteuren zefridden.
Besonnesch seng Mëschung aus villen alen a neie Stécker huet de lëtzebuerger Public erfreet.

© eldoradio


Dat selwecht gëllt fir säi coolt Bühnebild. Eng typesch Chris-Brown Show am grousse Stil.

Lauschtert hei wéi dem lëtzebuerger Public de Concert gefall huet:



3 vu 5 Eldo Stären ginn et fir de Chris Brown.