Söhne MannheimsDëse Samschdeg live @ Rockhal

D'Söhne Mannheims kommen dëse Samschdeg an d'Rockhal!

Leschten Update: 19.05.2017, 00:00:02

Als Söhne Mannheims bezeechent sech ee Kënschtler-Kollektiv ronderëm de Xavier Naidoo.

D'Söhne Mannheims si schonn bei 'Rock am Ring/Rock im Park' als Headliner opgetrueden, nieft Acts wéi Coldplay a Kings Of Leon.

2015 huet d'Formatioun ënnert dem Titel  "EVOLUZION" e Best Of-Album fir hiren 20-jährege Jubiläum eraus bruecht.

Elo huet d'Band nees eng grouss Tour fir 2017 ugekënnegt - mat dobäi hunn d'Museker ee fonkelneien Album an dee presentéieren si dësen Samschdeg live an der Rockhal.

D'Dieren ginn um 19h00 op - lass geet et um 20h30! Tickete kritt dir nach online, oder an der Oweskeess!


Links