PartyFeder - Den 29. Abrëll am Atelier!

Eldoradio an den Atelier presentéieren de Star DJ Feder mat sengem Nummer 1-Hit "Goodbye"!

Leschten Update: 06.03.2017, 16:31:30

De franséischen DJ a Produzent Hadrien Federiconi, alias Feder, ass momentan net méi aus der Deep-House Zeen ewech ze denken!

Bei eis huet de franséischen Deep-House DJ Feder et direkt mat 2 Singlen an d'Charts gepackt: "Lordly" (feat. Alex Aiono) an "Goodbye" (feat. Lyse).

Elo ass de Feder nees zréck a presentéiert seng nei Single "Back For More"!
E kenge Virgeschmaach gëtt et schonn hei:


Erlieft de Star-DJ live zu Lëtzebuerg!

Erlieft dem franséischen DJ Feder säi coolen Deep-House Sound live, de 29. Abrëll am Atelier vun 21h00 un!

Besuergt iech elo schonn är Tix fir dës exklusiv Party!
Oder spillt mat a gewannt hei är Ticketen!
(D'Gewënner gi bis den 27. Abrëll kontaktéiert!)

Infoe fannt dir hei: www.atelier.lu!